Jardinage GrĂŒn

Jardinage GrĂŒn 🍃Entreprise de Jardinage et Élagage🍃
Entretien d'espaces verts et soins d'arbres.

15/08/2025

[Ofgeschloss]
SekretÀr (-in) mat Comptaswësse gesicht
📄 (CDI – 16 oder 20 St/Woch)

Mir sinn e jonke GĂ€ertnerbetrieb a brauchen eng dynamesch Persoun an eisem BĂŒro.
Et ass eng Opportunitéit fir mat eiser ganzer Equipe zesummen ze wuessen.

Bass Du en Teamplayer, denks mat an hues Freed drun, dech mat bei Brainstorming-Séancen anzebréngen?
âžĄïž Da bass Du dĂ©i richteg Persoun fir eis!

D’Aarbecht Ă«mfaasst:
📞 Den Telefon ophiewen an Noriichten ophuelen
đŸ’» Elektronesch ArchivĂ©ierung
📑 D’Rechnunge buchen a klassĂ©ieren
đŸ…żïž Parkinge bei de Gemenge reservĂ©ieren
🕒 D’Stonne vum Personal zesummeschreiwen
🚗 Suivi vun den Autoen an de Wachtunge maachen
📩 Kontakt mat Fournisseuren a Fiduciairen

 an alles, wat esou soss nach am BĂŒro ufĂ€lt.

Wichteg:
🌍 Eis Equipe ass multikulti – duerfir brauche mir LĂ«tzebuergesch, DĂ€itsch a FransĂ©isch Kenntnisser am BĂŒro.

Profil:
🎓 Ofschloss vun enger Commerce-Klass mat Compta
📅 Minimum 3 Joer Beruffserfarung
đŸ’Ș Oder: Selfmade mat genuch WĂ«sse fir dĂ©i TĂąchĂ« selwer ze maachen

📧 InteressĂ©iert?
Zeck net a schĂ©ck dĂ€in Dossier per E-Mail un: [email protected]

🌿 D’FrĂ©ijoer hu mir bal gepackt – an d’HeckeschnĂ«tter sti virun der Dier!Aktuell si mir schonn zimlech ausgebucht. Wann ...
12/05/2025

🌿 D’FrĂ©ijoer hu mir bal gepackt – an d’HeckeschnĂ«tter sti virun der Dier!

Aktuell si mir schonn zimlech ausgebucht. Wann Der nach kee Client sidd, mĂ€ ZĂ€it matbrĂ©ngt, kĂ«nnt Der Iech gĂ€ren nach mellen – mir kucken, wat nach mĂ©iglech ass.


Fotoe vum Thierry a Suzanne Fleischhauer-Arroyo

Dir hudd eis gehollef, lo gi mir zeréck! Als Merci spende mir u Fondatioun Kriibskrank Kanner (aide aux enfants atteints...
08/12/2024

Dir hudd eis gehollef, lo gi mir zeréck! Als Merci spende mir u Fondatioun Kriibskrank Kanner (aide aux enfants atteints d'un cancer) a Survivors Lëtzebuerg!

Merci vu ganzem HĂ€erz!💚

Mir sinn iwwerwĂ€ltegt vun Ärem Engagement! Iwwer 1100+ Mol gouf eisen Opruff gedeelt a mir hunn elo endlech eng nei Hal fonnt, wou mir alles Ă«nner Daach krĂ©ien. Dir sidd einfach mega !

Fir Merci ze soen, wĂ«lle mir eppes zerĂ©ckginn – net nĂ«mmen un eis trei Clienten a Kolleegen, mĂ€ och un dĂ©i, dĂ©i et wierklech brauchen. Dofir maache mir eng Spendenaktioun:

- 25% vun eiser Spend ginn un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner, dĂ©i Familljen individuell begleet – vun der Diagnos bis bei d'Remissioun. Si Ă«nnerstĂ«tze mat administrativen, finanziellen, psychologeschen a sozialen HĂ«llefen an organisĂ©ieren och rekreativ AktivitĂ©iten, fir d’Familljen an dĂ©i Betraffen an dĂ«ser schwĂ©ierer ZĂ€it z’ënnerstĂ«tzen.

- 75% ginn u Survivors Lëtzebuerg, eng Grupp vu jonken Erwuessenen, déi eng Kannerkriibserkrankung iwwerwonnen hunn. Si setze sech mat de speziellen Erausfuerderunge vun hirem Liewen no der Krankheet auserneen, schafen e Raum fir den Austausch vun Informatiounen a deelen hir Erfarungen als fréier Patienten op internationale Gremie fir Kannerkriibs.

Elo sidd Dir gefrot! Mat engem klenge Geste kĂ«nnt och dir en Ënnerscheed maachen. De Spendeminimum ass 5€ an egal ob grouss oder kleng – all Cent zielt a mĂ©cht eppes Grousses mĂ©iglech.

Nach eemol e risege Merci fir all Är ËnnerstĂ«tzung! Zesumme maache mir eng richteg Differenz!đŸ’Ș

# # Français # #

Merci du fond du cƓur ! 💚

Nous sommes impressionnĂ©s par votre engagement ! Plus de 1100+ partages pour notre annonce, et nous avons enfin trouvĂ© un nouveau hangar qui nous permet de mettre au chaud tout notre matĂ©riel. Vous ĂȘtes simplement incroyables !

Pour vous dire un grand merci, nous voulons redonner – non seulement Ă  nos fidĂšles clients et amis, mais aussi Ă  ceux qui en ont vraiment besoin. C’est pourquoi nous lançons une action de don oĂč nous ferons naturellement aussi un don :

- 25 % de notre don iront Ă  la Fondation Kriibskrank Kanner, qui accompagne les familles de maniĂšre individuelle – du diagnostic Ă  la rĂ©mission. Elle offre un soutien administratif, financier, psychologique et social, et organise Ă©galement des activitĂ©s rĂ©crĂ©atives pour soutenir les familles et les personnes concernĂ©es dans ces moments difficiles.

- 75 % iront Ă  Survivors Luxembourg, un groupe de jeunes adultes ayant surmontĂ© un cancer infantile. Ils se consacrent aux dĂ©fis spĂ©cifiques de leur vie aprĂšs la maladie, crĂ©ent un espace pour partager des informations et tĂ©moignent de leur expĂ©rience en tant qu’anciens patients sur des forums internationaux pour le cancer infantile.
Maintenant, c’est Ă  vous de jouer ! Avec un petit geste, vous pouvez Ă©galement faire une diffĂ©rence. Le don minimum est de 5 €, et que ce soit un grand ou un petit montant – chaque centime compte et rend de grandes choses possibles.

Encore une fois, un immense merci pour tout votre soutien ! Ensemble, nous faisons une vĂ©ritable diffĂ©rence !đŸ’Ș

Dir hudd eis gehollef, lo gi mir zeréck. Als Merci spenden mir u Fondatioun Kribskrank Kanner an Survivers Lëtzebuerg!

Keen wees ewéi et gaangen ass an lo ass et schonn en annerhalleft Joer. Dëst wier net méiglech gewiescht ouni dei Leit d...
31/12/2023

Keen wees ewéi et gaangen ass an lo ass et schonn en annerhalleft Joer. Dëst wier net méiglech gewiescht ouni dei Leit déi dobÀi waren! En groussen Merci un eis Clienten an en riesen Merci un meng super Equipe, ouni déi dat guer net méiglech wier an déi bei all Wieder fir eis Clienten dobaussen war.
Prost op dat nĂ©it Joer, op dass et genau esou erfollegrĂ€ich gĂ«tt ewĂ©i dat hei!đŸ„‚đŸŽ‰

24/06/2023
Et verkeeft natierlech och un Privat Leit 😉
02/06/2023

Et verkeeft natierlech och un Privat Leit 😉

Hallo, ab dem 1. AbrĂ«ll komme mer och kĂ€rcheren. Dir kĂ«nnt Iech gĂ€re fi e RDV bei eis mellen đŸ€ 
16/03/2023

Hallo, ab dem 1. AbrĂ«ll komme mer och kĂ€rcheren. Dir kĂ«nnt Iech gĂ€re fi e RDV bei eis mellen đŸ€ 

Hallo, hei e puer Fotoen, wou mer Bierken demontéiert hunn
07/03/2023

Hallo, hei e puer Fotoen, wou mer Bierken demontéiert hunn

Grousse Merci u meng super Ekipp fir d'Duerhalen. Menger Mamm fir dat leckert Iessen.Der LandschaftsgÀrtnerei Hilbert a ...
24/02/2023

Grousse Merci u meng super Ekipp fir d'Duerhalen. Menger Mamm fir dat leckert Iessen.
Der LandschaftsgÀrtnerei Hilbert a Mateco.lu dass dat mat de Locatioune sou gutt geklappt huet

Hallo alleguer! Wat e ChantierđŸ€©Virun e puer Wochen hu mer dierfen um Camping Nommerlayen eng 150 Eechen a Buche bĂ€ischne...
23/02/2023

Hallo alleguer!
Wat e ChantierđŸ€©
Virun e puer Wochen hu mer dierfen um Camping Nommerlayen eng 150 Eechen a Buche bĂ€ischneiden. Fir Energie an ZĂ€it ze spueren, huet den HĂ€r Miny eis e Chalet zur VerfĂŒgung gestallt, wou mer iwwernuechte konnten, wat richteg flott warđŸ€—

Adresse

Kayl
3671

Téléphone

+352691989265

Notifications

Soyez le premier Ă  savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Jardinage GrĂŒn publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisĂ©e Ă  d'autres fins, et vous pouvez vous dĂ©sabonner Ă  tout moment.

Partager