02/09/2023
Léif Päerdsleit,
Mir ginn zimlech all gäeren mat eisen Päerd eraus an d'Natur.
Wann elo eis Päerd äppele mussen, gidd dach w.e.g. esou wäit un de Rand wei et geet fir dat nit jiddereen deen duerno mam Auto oder zu Fouss keint derduerch muss.
A wann äert Päerd direkt op de Wee oder hannert geparkt Autoen säi Koup sëtzt da klammt erof a maacht et op d'Säit.
A wann do een ass dee seet: "ass gudd ech maachen et ewech", dann ass déi richteg Äntwert "Merci" an nit "am Bësch brauch een dat awer nit, waat soll dat dann".
Mir wëssen all, datt et vill Leit gëtt, déi eis aus de Bëscher raus wéilten hun, loosst eis hinnen nit nach mei Grënn ginn, sou grouss ass den Opwand och nit.
P.S.: ier lo een eppes seet: ech hun de frieme Koup hannert mengem Auto selbstverständlech ewech gemeet