07/05/2026
Panorama mat Privatsphär: Wunnhaus zu Schëtter 🏠
Um Uertsrand vu Schëtter hu mir an exponéierter Hanglag e Wunnhaus geplangt, dat op all Etage d'Landschaft ronderëm erliefbar mécht. Inspiréiert vun den amerikanesche Mid-Century-Villen.
🪟 D'Hanglag huet d'Dispositioun vun de Raim gepräägt: vollflächeg Verglasungen ëffnen d'Bannenraim no Osten an droen se iwwer virgelagert Terrassen an d'Fräit weider. Aus- an Duerchbléck hu mir esou konzipéiert, datt trotz de grousse Verglasungen d'Privatsphär vun de Bewunner duerchgängeg gewahrt bleift.
E grousse Merci un eis Bauhären fir d'Vertrauen. 🙏