Den Daachdecker Sàrl

Den Daachdecker Sàrl Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Den Daachdecker Sàrl, Service de toiture, 15, Route d'Ettelbruck, Michelbouch.

- Lëtzebuerger Daachdecker- a Blechschléiermeeschterbetrib seit 1992.

- Zertifizéierten Isocell-Cellulose-Isolatiounsfachbetrib.

- Mir bilden eis an eis Mataarbechter ëmmer weider, fir Eech déi bescht Qualitéit an Berodung ze bidden.

Hei ee flotte Schuppebau dee mir Enn läscht Joer realiséiert hunn.😎😁A Bannendran hu mir Isoléiert. 👍
06/03/2026

Hei ee flotte Schuppebau dee mir Enn läscht Joer realiséiert hunn.😎😁
A Bannendran hu mir Isoléiert. 👍

Mir wënschen Iech all schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch!🎄✨Wéi dir gesitt si mir prett fir eise Congé ze genéissen.🤩Mir ...
19/12/2025

Mir wënschen Iech all schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch!🎄✨

Wéi dir gesitt si mir prett fir eise Congé ze genéissen.🤩

Mir soen all eise Mataarbechter, eise Cliente a Fournisseuren , Frënn sou wéi befrënte Betriber Merci fir dëst Joer!❤️💛

Eisen Telefon ass ab dem 7. Januar rëm wéi gewinnt fir Iech besat.😊👍🏼

Dem Daachdecker säin neie Camion😉🤪An de Chauffeur ass och deck zefridden😆 Dem Leo alles Guddes fir säin 1. Gebuertsdag!🧸...
28/11/2025

Dem Daachdecker säin neie Camion😉🤪
An de Chauffeur ass och deck zefridden😆

Dem Leo alles Guddes fir säin 1. Gebuertsdag!🧸🎈

Ee Betrib ass ëmmer nëmmen sou gutt wei seng Aarbechter! ❤️💛❤️Dofir soe mir hinne Merci wat si Dag fir Dag leeschten.👏🏼👍...
14/10/2025

Ee Betrib ass ëmmer nëmmen sou gutt wei seng Aarbechter! ❤️💛❤️

Dofir soe mir hinne Merci wat si Dag fir Dag leeschten.👏🏼👍🏼💪🏻🏘️

Houfreg kenne mir soen dass mir de Weekend op eisem Mataarbechterfest 3 gëllen Himmer an eng Auer konnten iwwerreechen 😎🔨

Nico 20 Joer!👏🏼
Jos 10(+) Joer!👏🏼
Max 10 (+) Joer!👏🏼

Mir soe Merci fir dat flott Fest!🥳🤩

‼️Mir brauchen nach ee gudden Daachdecker an/oder ee Blechschléier!💪🏻Mell dech w.e.g. wann's du eng drop hues, selbststä...
08/04/2025

‼️Mir brauchen nach ee gudden Daachdecker an/oder ee Blechschléier!💪🏻

Mell dech w.e.g. wann's du eng drop hues, selbststänneg schaffe kanns an och Loscht hues hei ze sinn🫵🏼😎

Tel.: 88 80 95
Mail: [email protected]

Mir bidden:
- een ugepasste Stonneloun un däi Kënnen💸
- e familiären Ëmgang an der Firma🤝
- bezuelten Hinn- a Réckwee op de Chantier
- entlaaschtend Schaffgeschier an ee moderne Fuerpark fir d'Schaffen sou angenehm wei meiglech ze gestalten👌🏼

Mir wëllen:
- een deen eng Drop huet😉
- een dee motivéiert ass schaffen ze kommen
- Eierlechkeet a Frëndlechkeet😊
- Upassungsfäeg dengen anere gudden Aarbechtskolleege vis a vis

Mell dech w.e.g. wanns du an dëst Schema pass, mir brauchen dech!💪🏻😁

Mir sinn ab elo am Congé a wënschen Iech all schéi Feierdeeg!🌟🎄🎉🍀❤️
21/12/2024

Mir sinn ab elo am Congé a wënschen Iech all schéi Feierdeeg!🌟🎄🎉🍀❤️

Mir sichen ee gudden Daachdecker an/oder Blechschléier.Wann's du däi Beruff gutt kanns, da mell dech gär a gëff een Deel...
13/11/2024

Mir sichen ee gudden Daachdecker an/oder Blechschléier.
Wann's du däi Beruff gutt kanns, da mell dech gär a gëff een Deel vun eiser Equipe.❤️💛⚒️

22/10/2024

Hei mol engkeier aus der Drohneperspektive 👀 Eng Emdeckung vun dësem Summer zu Beckerich op der Chapelle um Kuelebierg⛏️💪🏻😊

Hei hu mir ee ganz flotte Vorher/Nachher vun engem schéine Chantier.🤩Hei gouf deen alen Zillendaach erof gehuel, ee Stac...
08/10/2024

Hei hu mir ee ganz flotte Vorher/Nachher vun engem schéine Chantier.🤩

Hei gouf deen alen Zillendaach erof gehuel, ee Stack am Holzstännerbau drop gesat a rëm mat Schiefer nei agedeckt. ⛏️💪🏻
Ee richtegen Hikucker heibäi sinn déi schéin ausgekielte Gauben.👀👏🏼😀

MIR SINN AM CONGÉ !😎😃Mir wënschen all eise Mataarbechter a Kolleegen ee schéine Summercongé!❤️💛❤️🌞Mir sinn ab dem 20. Au...
01/08/2024

MIR SINN AM CONGÉ !😎😃

Mir wënschen all eise Mataarbechter a Kolleegen ee schéine Summercongé!❤️💛❤️🌞

Mir sinn ab dem 20. August, wéi gewinnt am Büro um 88 80 95 fir Iech ze erreechen,☎️ mat hoffentlech besserem Schaffwierder.😉

Immens houffreg kënne mir als Betrib matdeelen, dass mir offiziell sait geschter 2 weider Meeschteren am Betrib hunn. 💪🏻...
01/07/2024

Immens houffreg kënne mir als Betrib matdeelen, dass mir offiziell sait geschter 2 weider Meeschteren am Betrib hunn. 💪🏻🎉🍀
Super Leeschtung Jongen🤝, dir kënnt eppes!👏🏼
(Wéi eise Chef emmer zu ALL eise Männer seet: "Du bass ee vun deene Bäschten"😉❤️💛)

Mat eisem Patron (2), eisem Techniker an eisen 2 neie Meeschteren, ziele mir momentan ganz stolz 5 Meeschterkaarten an eisem Betrib.🤩⚒️

🔥Buergbrennen zu Mechelbuch beim Daachdecker, organiséiert vun de Pompjeesfrënn Viichten an dem Aktiv Viichten🤝😁Ee Merci...
19/02/2024

🔥Buergbrennen zu Mechelbuch beim Daachdecker, organiséiert vun de Pompjeesfrënn Viichten an dem Aktiv Viichten🤝😁

Ee Merci un eis Kollegen vun der Toiture Moderne fir d'Ausléine vun hierem Béier-Express🍻👍🏼😃

Adresse

15, Route D'Ettelbruck
Michelbouch
L-9173

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 12:00
14:00 - 16:30
Mardi 08:00 - 12:00
13:00 - 16:30
Mercredi 08:00 - 12:00
14:00 - 16:30
Jeudi 08:00 - 12:00
13:00 - 16:30
Vendredi 08:00 - 12:00
14:00 - 16:30

Téléphone

+352888095

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Den Daachdecker Sàrl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Den Daachdecker Sàrl:

Partager