05/08/2026
👷 Neies vum Chantier
Aus enger aler Epicerie zu Péiteng gëtt elo eng modern Pâtisserie mat Bäckerei 🧁
Mir hunn eis ëm déi komplett d’Elektroinstallatioun an d’Beliichtung gekëmmert. D’Tafel ass, wéi ëmmer, aus eisem eegnen Atelier⚡️
Fir déi richteg Ambiance suergt eng schéi waarmwäiss Beliichtung mat 3000K mat héijem Qualitéitswäert (CRI>90) 💡
E schéine Projet, wou ee gespaant ka bleiwen op d’Finitioun 🙌