13/04/2026
🐾 🐾 Muppekiné gesicht! 🐾 🐾
Ech siche Verstärkung fir meng Praxis zu Waarken / Ettelbréck.
Du bass motivéiert, hues Loscht mat Déieren ze schaffen an sichs eng flott Aarbechtsplaz? Da bass du vläicht genee richteg bei mir!
Wat ech bidden:
🔷 ganz léif an dankbar Patienten
🔷 modern Therapiegeräter (Waasserlaafband, MKV-Laser, Novafon, asw.)
🔷 eng grouss Auswiel u Fitnessgeräter
🔷 digital Patienteverwaltung
🔷 flexibel Aarbechtszäiten an individuell Stonnenunzuel
Wat s du solls matbréngen:
🔷 eng ofgeschloss Ausbildung als Muppenkiné
🔷 Teamgeescht, Motivatioun an Engagement
🔷 en häerzlechen an empatheschen Ëmgang mat Déieren an hire Besëtzer
🔷 Lëtzebuergesch schwätzen ass e Muss
🔷 gutt Kenntnisser am Däitschen a Franséischen
🔷 och Berufseinsteiger si wëllkomm
🔷 Weiderbildung an Osteopathie oder Akupunktur ass e Plus
👉 Wann's du dech ugesprach fills, da mell dech gär bei mir – ech freeë mech op deng Noriicht!
📩 Gär deelen!